radio 100,7 LIVE
Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren! Klickt hei, fir eis ze lauschteren!Sichen
Neiegkeeten
10 Joer Rockhal: Freideg, 16. Oktober
De radio 100,7 ass live dobäi >>
E-Lodie Sessions III: Emre Sevindik
Freideg, 23. Oktober am Grousse Studio vum radio 100,7. Reservéiert Är Plazen op: events@100komma7.lu. D'Plaze si limitéiert! >>
Coup de Coeur Octobre 2015: The Lobster
Gagnez deux tickets de cinéma! >>
Emissiounen
<< Zréck op d'Lëscht vun den Emissiounen
An der Oper
20:00 - 21:00
Kategorie vun der Emissioun
Allgemeng Beschreiwung
D’Tufa-Tréier feiert am
November hir 30 Joer. An dem Kader hunn den Nils Thoma a Stefan
Bastians eng Jazz-Oper op d’Bee gestallt: Blue Sheets.
Dës Oper zielt
vun de soziale Bedéngungen an der Tragik an enger Duch-Fabrik a
Relatioun mat deene verschiddene Protagonisten.
De 7. November 2015
ass d’Première am Uert genannt “Walzwerk (Brühlstrasse n.4)” zu Tréier.
De Manuel Ribeiro huet sech mat den Auteuren vun der Oper wéi och mat
der Direktesch vun der Tufa-Tréier ënnerhalen.
Am Stater Theater ass
déi nächst Oper méi spéit am November, mä an de Kinoen Utopia an
Utopolis steet am Kader vun der Met-Live den imposanten Tannhäuser vum
Richard Wagner, den 31. Oktober op der Affiche.
Eng Geleeënheet fir de Manuel Ribeiro, fir op dëst historesch wichtegt Wierk méi am Detail anzegoen.
Tannhäuser
und der Sängerkrieg auf Wartburg ass dem Richard Wagner seng fënneft
Oper. De Sujet kënnt aus zwou germanesche Legenden, déi vun engem
Sängertournoi op der Wartburg mat de Minnesänger Wolfram von Eschenbach
an Heinrich Ofterdingen als Protagonisten, erzielen.
Inspiréiert
deemno aus dem Vollekslidd Tannhäuser, an der Geschicht vum Sängerkrieg
auf der Wartburg. De Wagner schreift a senger Autobiographie, datt hien
dem Ludwig Tiecks seng Erzielung Der getreue Eckart und der Tannhäuser
an dem E.T.H. Hoffmann säi Buch Der Kampf der Sänger gelies huet, éier
hien den Text fir seng Oper komponéiert huet.
An den Haaptrolle sinn
ze gesinn de Johan Botha, d’Eva-Maria Westbroek, wéi och de Peter Mattei
an d’Michelle DeYoung, dat ganzt ënnert der Direktioun vum James
Levine.
Weider steet den Agenda vun den Operenhäiser aus der Groussregioun um Programm.
Presentateur/trice
©2015 radio 100,7 |
plang vum site |
live gelauschtert
Création du site web par VAlain S.A.